Bild vun dekorativen BlummenBild vun dekorativen Blummen
D'perfekt Zeremonie fir de perfekten Dag
Kontaktéiert mech fir weider Informatiounen
Foto vum Bräutigam an Braut déi en Säbel während der Zeremonie benotzen.
Eng Onvergiesslech Zeremonie

Koppelen, déi an der Kierch bestuet ginn, hunn d'Chance op eng schéin Zeremonie. Mee wie wëll dat net?

All déi, déi net an der Kierch bestuet ginn, si schonn am Nodeel.

Well oft sinn déi onperséinlech a steril Gemengesäll kee flotte Kader fir de wichtegsten Dag am Liewen.

Och wa mëttlerweil e puer Gemengen e méi schéine Kader ubidden, esou wënschen déi meescht Koppele sech awer och eng schéin Zeremonie fir hir Hochzäit oder wëllen direkt um Site vum Restaurant bestued ginn.

Onvergläichlech Momenter

Ech bidden Iech dofir eng moossgeschneidert an onvergiesslech fräi Hochzäitszeremonie un.

An dat onofhängeg vun Ärem Hochzäitsdag.

Vill Koppele wëllen och nach nodréiglech hir Zeremonie nofeieren.

Als fräien Hochzäitsriedner bidden ech Iech en onvergläichleche Moment um Héichpunkt vun Ärer Hochzäitszeremonie a genee deem Kader, deen Dir auswielt.

Foto vum Pascal Hansen deen séng Zeremonie hällt.

Heiansdo bréngt eng Eil d'Brautréng

Vill aussergewéinlech Plazen

Sief et op der Terrass vum Restaurant, an enger klenger gemittlecher Hütt, am gringe Bësch, an engem schéine Park oder an enger Kapell… et gëtt esou vill wonnerbar Plazen fir Är ganz perséinlech Hochzäitszeremonie.

Foto vun der Braut an dem Bräutigam während der Zeremonie.

Eng onvergiesslech Zeremonie

Foto vun enger Eil op enger Mauer.
Foto vun der Koppel mat engem Säbel während dem Ritual.

Eenzegaarteg Ritualer aus verschiddene Kulturen

Eenzegarteg Ritualer

Ech bidden Iech eng perséinlech a personaliséiert Usprooch an eenzegaarteg Ritualer un.

Dir bestëmmt d'Sprooch vun der fräier Hochzäit: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Italienesch.

Wedding rings on top of a tree log.
Fir eng onvergiesslech Hochzäit - Pascal Hansen

Fräi Hochzäite vum Pascal Hansen

Dëst ass den offizielle Site vu Fräi Hochzäiten op Facebook: den Original

proudly presented by Weddingmaster.lu & powered by Viltech.lu